An enger laanger Wanterpaus, an däer de Quiju lues mee secher vum Bébémupp zum groussen Hond erugewuess ass, an an däer ech vill Zäit haat, fir heen ze beobachten, ze guidéieren an doraus nach ze léieren, sin ech lo prêt fir mat engem neien Programm 2020 durchzestarten!

Inhaltlich huet sech net vill verännert. Virwaat soll een och eppes änneren, waat gutt ass? (Läschten Testmupp: Quiju 😉)

Organisatorisch get et awer eng Reih Verännerungen:

- Méi kurz Moduler vu jeweils 4 Gruppencours´en, déi dir et méi einfach maan ze plangen.

- Gruppegréisst geet roof op 4 (- max.6) Leit, fir dass ech nach méi Zäit hun individuell Froen ze beäntwerten.

- Moduler kennen (gréistendeels) selwer vun dir ausgeweelt an zesummegesaat gin, sou wéi´s du et fir dech an dein Hond brauchs.

- Déi eenzel Moduler kennen evtl. och als Eenzeltraining gebucht gin. D´Theoriecours´en get et an deem Fall an den Praxisstonnen, resp. als Handout.