Leinenführigkeet / Orientéierung um Mensch I

Dein Hond ass net uspreechbar dobaussen, zitt dech durch d´Géigend, rappt dech baal em, an du hues wirklech keng Loscht méi dorop?

Da get et Zäit, dass du eppes änners!

Fir dass den Hond sech kann un dir orientéieren a relax mat dir goen, brauch heen Féierung vun dir, d.h. ee gudde Grond, wisou heen daat soll maan. Daat ass d´Thema vun desem Module...


 

Am 1. Cours geet et theoretisch em d´Ursaachen an d´Léisungen vun onerwenschtem Zéien un der Léngt. Ouni Hond, Dauer ~2 Stonnen.

Am 2. Cours versiche mir den Hond opmierksam op dech ze maan, andeems du dech aanescht verhäls wi normal... Praxiscours mat Hond ~2 Stonnen.

Am 3. Cours schaffe mir un dénger eegener Kiirpersprooch, Emgang mat der Léngt, asw., fir dass dein Hond dir an Zukunft kann nogoen. Praxiscours mat Hond ~2 Stonnen.

Am 4. Cours léiers du den Hond sech un dir ze orientéieren. Praxiscours mat Hond ~2 Stonnen.


 

Deelhuelen däerfen 4-6 Hondsbesetzer (mind. 3)

 Präis vun desem Module: 160€ (ze bezuelen bei Umeldung)

Viraussetzungen fir deelzehuelen gin et keng.

 Rendez-vous zu Mechela. (Détailer bei Umeldung)

 

 

1. Umeldung iwwer Umeldungsformulaire (Impressum an AGB)

oder iwwer E-mail (Kontakt), wann´s du schon een aanere Module gemaach hues.