Ech bidden:
- Fundéiert theoretischt Wessen iwwer Verhaalensentwécklung, Léierverhaalen a Kiirpersprooch vun a mat Henn.
- Fairen an ugepassten Emgang mat Hond an Hondsbesetzer.
- Äntwerten op all déng Froen. (Falls ech d´Äntwert eemool net direkt weess, da versichen ech et nozesichen)
- Zäit fir dech an däin Hond innerhalb vun de Cours´en durch begrenzt Teilnehmerzuelen.
- Durch regelméisseg Weiderbildung um neieste Stand bleiwen.
Ech bidden NET:
- Séier Léisungen am Senn vu Symptombehandlung ouni néidegt Basiswessen vun Hond a Besetzer.
- Vermettelen vun Handlungsweisen am Emgang mam Hond hannert deenen ech net zu 100% stin.
- Nolauschter-Seelsorge-Dingscht fir frustréiert Hondsbesetzer, déi selwer näischt wellen änneren, an der Meenung sin, dass nemmen hieren Hond dru Schold ass, dass d´Zesummeleewen net funktionnéiert.
- Onkontrolléiert Spillstonnen mat Schwätzchen fir di onbedeeligt Hondsbesetzer, mam Ziel, dass d´Muppen midd sin an den Hondsbesetzer sech net muss kemmeren.