Nemme kee Stress!

Hondsbesetzer erwärden vill vun hiere Muppen:

- Si sollen brav op der Decken leien, während d´Famill esst, Fernseh kuckt, spillt, schwätzt,...

- Si solle gemittlech an onopgereecht neewent dem Mensch treppelen, egal wéivill Stress a Chaos ronderem ass. 

- Si solle rouig ennert dem Desch leien wann ee mat de Kollegen an de Bistro een huelen geet.

- Si sollen am Gaart, wa Kanner op Besuch sin, net hannendrulaafen wa si Fänkes oder Verstoppes spillen, a si an d´Wuede petzen.

- Si mussen sech verkneifen dem Nooper séng Kaaz ze joen, och wa si mat Vollgas laanschtleeft!

- Si sollen um Fussballsmatch Sonndes Mettes net iwwer den Terrain dem Ball norennen.

- asw. - asw.

 Fir dass Muppen daat alles kenne leeschten, läit et an der Verantwortung vum Hondsbesetzer, sein Hond gutt kennen ze lesen an heen ze léieren sech ze beherrschen an auszehaalen séng eege Wensch a Bedürfnisser net direkt erfellt ze kréien. Frustratioun aushaale kennen bedeit, net dauernd frustréiert ze sin!

Dorem geet et an desem Cours...

 


 

Am 1. Cours geet et em d´Kiirpersprooch vun a mam Hond. Dest ass een Theoriecours ouni Hond an dauert ~ 2 Stonnen.

Am 2. Cours léiert den Hondsbesetzer wéi hee sein Hond kann op den Tapis schécken an do haalen. Mir schwätzen iwwer d´rout Linn, déi net däerf iwwerschratt gin an wéi een den Hond ka berouigen. Praxiscours mat Hond ~ 2 Stonnen.

Am 3. Cours schwätze mir iwwer Rouh, Impulskontroll a Frustratiounstoleranz. Dest ass rem een Theoriecours ouni Hond vun ~ 2 Stonnen.

Am 4. Cours weisen ech wéi een Impulskontroll a Frustratiounstoleranz am Alldag üben kann. Praxiscours mat Hond ~ 2 Stonnen.

 


 

Deelhuelen däerfen 4-6 Hondsbesetzer (mind. 3)

Präis vun desem Module: 160€ (ze bezuelen bei Umeldung)

Viraussetzungen fir deelzehuelen gin et keng.

Rendez-vous zu Mechela. (Détailer bei Umeldung)

 

Datumer:

1. Umeldung iwwer Umeldungsformulaire (Impressum an AGB)

 oder iwwer E-mail (Kontakt), wann´s du schon een aanere Module gemaach hues.