Du hues oder kriss een neien Hond, oder denks mool just theoretisch doriwwer no? Oder du hues vu mir a ménger Arbicht héieren, a wells dir ee klengt Bild maan, ob daat fir dech an dein Hond passend ass?
Dann ass den Onlinecours "Fir mech a mein Hond" genau richteg fir dech!
Di > 2 Stonnen Videomaterial, opgedeelt an 5 Modulen/19 Lektiounen, kanns du dir an déngem Tempo, gemittlech doheem, sou oft wéi´s du wells, ukucken...
Hei ee klengen Androck mat enger kurzer Beschreiwung:
Wann desen Online-Cours dech interesséiert, da registréier dech schnell !
Du kriss da ganz einfach eng Rechnung...
Präis : 49€
... a soubaal d´Iwwerweisung bei mir agaang ass, schalten ech de Cours fir dech fräi!
D'AB-Hondsbesetzerschoul am Grupp passt aus iergendengem Grond fir dech net?
Da kann ech dir d' AB-Hondsbesetzerschoul-Online proposéieren!
Hei ee klengen Ausschnett aus dem Module 4 vum 1. Deel:
Du erschaffs dir d'Theorie unhand vu Video'en selwer, an déngem Tempo, gemittlech doheem.
D'Praxis erschaffe mir eis zesummen an Eenzeltraininger, déi mir zäitlech openeen oofstemmen.
Den 1. Deel (Module 1 "Di éischt Schrëtt" - Module 4 "Eescht geholl gin an eescht huelen") besteet aus
> 3 Stonnen Videomaterial an insgesamt 5 Eenzeltraininger.
Präis all-in: 380€
(Präis eenzel: Theorie 100€, Eenzeltraining jeweils 60€)
Wann desen Online-Cours dech interesséiert, da fell mir wegl den Umeldungsformulaire aus - ech kontaktéieren dech dann!
Wanns du den 1. Deel ganz oofgeschloss hues, da kanns du wanns du wells och nach deen 2. Deel (Module 5 "Orientéierung um Mensch mat an ouni Léngt" a Module 6 "Fräilaaf") drunhänken...