Déieregestützt Pädagogik an Spill- a Primärschoulen:

" Richtegt Verhaalen am Emgang mat Henn"

Zesummen mat méngen Muppen gin ech op RV an d´Schoulen, fir do mat de Kanner ze kucken, wéi si richteg an ongeféierlech mat Muppen kennen emgoen. D´Aktivitéit besteet aus 3 Deeler:

  •  Fotoen mat verschiddenen Henn ukucken an bestemmen, wéi di jeweileg Muppen "gelaunt" sin (Frendlech, ängstlech, granzeg, roosen, ...)
  • Verschidden Reegelen durchschwätzen (Power-Point-Présentatioun mat super Fotoen, déi zesummen mat de Kanner während de Vakanzaktivitéiten entstaan sin!)
  • Kontakt ophuelen mat méngen Muppen (Emgang mat Angscht, Ausprobéieren vun deem Geléierten, Leckerlien verstoppen...)

Diese Seite teilen